Wëllkomm op dem Helleg-Geescht-Plateau, wou den impressionanten Neie Justizpalais steet, an deem zënter 2008 déi wichtegst geriichtlech Institutiounen ënnerbruecht sinn wéi d’Friddensgeriicht, den Ieweschte Geriichtshaff, d’Jugendgeriicht an de Parquet.
Dat imposant Gebai mat enger Gesamtfläch vun 33.500 m² gouf vun de Lëtzebuerger Architekte Rob a Léon Krier entworf an ass an engem eklektesche Stil mat enger Mëschung aus klassizisteschen a modernen Elementer gebaut ginn.
Déi Plaz, déi vun den Autoritéiten fir den Neie Justizpalais virgesi gouf, war allerdéngs hefteg ëmstridden, well d'Gebai op d'Iwwerreschter vum fréieren Helleg-Geescht-Klouschter, dem sougenannten Almënster, gebaut sollt ginn. Dëst Klouschter war am 13. Joerhonnert vun der Gräfin Ermesinde fir adeleg Meedercher gegrënnt ginn an huet spéider dem Klarissenuerde gehéiert.
Am 17. Joerhonnert hunn d‘Fransousen d'Klouschtergebaier konfiszéiert an als Kasär genotzt, bis se 1770 ofgerappt goufen. D'Fundamenter vum Klouschter waren awer bal komplett erhale bliwwen, a well se beim Bau vum Neie Justizpalais fir ëmmer zerstéiert gi wieren, wat och der UNESCO hiren Ufuerderunge betreffend der Erhalung vun der Alstad widdersprach hätt, gouf et heftege Widderstand géint déi ursprénglech Baupläng. D'Géigner hunn sech schlussendlech drop gëeenegt, datt eng archeologesch Krypta ënner dem Justizpalais gebaut sollt ginn, fir d'Iwwerreschter vum Klouschter ze erhalen an et fir en interesséierte Publikum zougänglech ze maachen.
Interessanten Detail
Nodeem d'Fransousen 1684 d'Stad Lëtzebuerg eruewert haten, huet de Militäringenieur Vauban d'Klouschter an déi nei Festungsanlag um Helleg-Geescht-Plateau integréiert. D'Haaptgebai, dat als eenzegen Deel vum Almënster erhale bliwwe war, gouf zu enger Kasär ëmgebaut. Am 2. Weltkrich war d’Gebai e Lazarett an an de Siechzegerjore vum 20. Joerhonnert waren dunn d’Büroe vum Enregistrement an der Vaubanskasär, bis 2008 d'Bezierksgeriicht an déi restauréiert Gebaier geplënnert ass.
Bedeitung fir d‘Mënscherechter
D'Justiz steet als 3. Staatsgewalt fir déi strikt Uwendung vum Gesetz am Sënn vum absolutte Respekt vun de Mënscherechter, well si déi zwee éischt Artikele vun der UNO-Charta verkierpert: „All Mënsche gi fräi gebuer, mat gläicher Dignitéit a mat deene selwechte Rechter“ a „Jidderee kann all déi Rechter an all déi Fräiheeten, déi an dëser Deklaratioun proklaméiert sinn, fir sech verlaangen, ouni Ënnerscheed vu Rass, Hautfaarf, Geschlecht, Sprooch, Relioun, politescher oder anerer Iwwerzeegung, nationalem oder sozialem Urspronk, Verméigen, Gebuert oder soss enger Situatioun.“. Zesummegefaasst heescht dat: „Virum Gesetz sinn all Leit gläich“ an de Justizpalais symboliséiert dëse Grondwäert, well hie steet fir de Lëtzebuerger Rechtsstaat an ass eng Garantie fir de Schutz vun de Rechter vun alle Mënschen an enger demokratescher Gemeinschaft.
Artikel 6
Jiddereen huet d’Recht, datt en iwwerall als juristesch Personalitéit unerkannt gëtt.
Artikel 7
D’Mënsche sinn alleguer gläich virum Gesetz a si hunn ouni Ënnerscheed Recht op dee selwechte Schutz vum Gesetz.
Artikel 8
All Mënsch huet d’Recht op e Recours.
Artikel 10
All Mënsch huet a gläichem Mooss Usproch op e gerecht an ëffentlecht Verfaren, virun engem onofhängegen an onparteiesche Geriicht.
Artikel 11
All Mënsch, dee wéinst engem strofbaren Akt ugeklot gëtt, gëllt als onschëlleg, bis seng Schold nogewise ginn ass, esou ewéi d’Gesetzer et virgesinn.