D'Constitutiounsplaz
Overview
Reviews 0

D’Constitutiounsplaz 

D’Place de la Constitution gouf op der Plattform vum Bastion Beck amenagéiert, dee 1644 gebaut gi war, an déi 1685 vum Sébastien Le Prestre de Vauban, dem Architekt a militäreschen Ingenieur ënner dem Louis XIV, nei  amenagéiert ginn ass. Dës Plaz bitt en exceptionelle Panorama iwwer dat gréngt Péitrussdall an op d’Nei Bréck (Pont Adolphe). Si war an de Joren 1900 a 1903 no de Pläng vum Ingenieur Paul Séjourné gebaut ginn. Deemools gouf si, mat enger Spanwäit vu 84,55 Meter, als dat gréisste Steewierk an der Welt ugesinn. Zanter 2017 verleeft ënnert der Bréck eng Passerell fir Foussgänger a Vëlosfuerer. Si setzt d’Ingenieurs-Baukonscht voll en valeur.

 

 

D’„Gëlle Fra“ ass d’Wierk vum Lëtzebuerger Sculpteur Claus Cito. Dëst Monument ass 1923 opgestallt ginn, fir deene Lëtzebuerger ze gedenken, déi ënner dem franséische Fändel am Éischte Weltkrich gedéngt hunn. 1940 ass dëst Monument vum Nazi-Okkupant zerstéiert ginn. 1984 ass et restauréiert ginn.
 

Um Plateau Bourbon op der Gare dominéiert de polygonalen Tuerm vun der Spuerkeess am Neo-Renaissance-Stil. Lénks dovu steet de fréiere Siège vun der ARBED (Aciéries réunies de Burbach, Eich et Dudelange). Dëse gouf 1921 vum Lëtzebuerger Architekt Sosthène Weis no de Pläng vum franséischen Architekt René Théry gebaut. Dëst Gebai orientéiert sech u fréieren aristokratesche Residenzen, déi als Virbild gegollt hunn. D’Gebai erënnert haut un déi glorräich industriell Geschicht vum Land no der Decouverte vum Eisenäerz am Süden. D’Produktioun vun Eisen a Stol war eng gutt Zäit laang d’Lokomotiv fir d’Entwécklung vun der Lëtzebuerger Ekonomie.

2014 ass dat prestigiéist Gebai vun Arcelor-Mittal un d’staatlech Bank a Spuerkeess verkaaft ginn a gouf als Monument national klasséiert.

De Paräisser Traité vum 18. Abrëll 1951 huet déi europäesch Kuelen- a Stol-Communautéit d’CECA gegrënnt. Rietserhand, op der Metzer Plaz, wou déi al Direktioun vun der Eisebunn steet (1911, Architekte Karl Jüsgen an Nicolas Petit) huet d’CECA 1952 mat schaffen ugefaangen.

Git d'Trap um Bord vun der Plaaz erof, a gitt dem riichte Wee no.

Reviews

0.0

0 comments

Provided by

Ministère de la Culture Luxembourg

Ministère de la Culture Luxembourg

Tours by the National Commission for cooperation with UNESCO

This story belongs to