DENKMAL FIR D‘GROUSSHERZOGIN CHARLOTTE
Overview
Reviews 0

D'Monument zu Éiere vun der Groussherzogin Charlotte ass am Abrëll 1990 offiziell a Presenz vun der groussherzoglecher Famill ageweit ginn.

Déi 2,75 Meter héich Bronzeskulptur vum franséische Sculpteur Jean CARDOT steet op enger ronner, méistufeger Plattform, déi mat de geometreschen Elementer ronderëm eng stiliséiert Blumm duerstelle soll. D'Statu weist d‘Monarchin an hiren einfachen, mee elegante Kleeder, déi fir si typesch waren, a mat hire Liblingsbijouen, enger Pärelketten an de passenden Ouerréng, déi hire Grousspapp Adolphe senger Fra Adelheid-Marie geschenkt hat. 

Charlotte, déi 2. Duechter vum Groussherzog Wëllem IV., war d‘Nofollgerin vun hirer Schwëster Marie-Adelheid no där hirer Ofdankung am Januar 1919. Am Géigesaz zu hirer Virgängerin huet si déi nei politesch Verhältnisser akzeptéiert, déi d'Muecht vun der Kroun zugonschte vum Vollek staark ageschränkt hunn an der domat verbonnener Verfassungsreform zougestëmmt. 

Nodeem d'Nazi-Truppen am Mee 1940 dat neutraalt Lëtzebuerg ugegraff a besat hunn, huet d'Charlotte, wéi si selwer sot, déi „schwéier, awer néideg Decisioun“ geholl, d'Land mat der Regierung ze verloossen. Si ass duerch Frankräich, Spuenien, Portugal a Groussbritannien a souguer an d'USA a bis a Kanada gereest, fir diplomatesch Bezéiungen opzebauen an Alliéiert am Kampf géint Hitlerdäitschland ze gewannen. 

Ouni Rücksicht op hir eege Sécherheet a Gesondheet huet si Goodwill Touren duerch d'USA ënnerholl, fir op déi schwiereg Situatioun vun de Lëtzebuerger opmierksam ze maachen. Mat hirem waarmhäerzege Wiesen an hirem iwwerzeegende Charisma, mee virun allem wéinst hirer energescher Haltung vis-à-vis vun Nazi-Däitschland huet si vill Unhänger gewonnen a gouf 5 Mol vum amerikanesche President Roosevelt empfaangen, deen si iwwerzeege konnt, fir d'Lëtzebuerger an hirem Kampf géint d'Nazi-Besatzung z'ënnerstëtzen.   

Wärend hiren Openthalter zu London, wou d‘Lëtzebuerger Regierung wärend dem Krich hire Sëtz hat a wou et duerch déi däitsch Bombardementer äusserst geféierlech war, huet d'Charlotte reegelméisseg de Radiosender BBC benotzt, fir hir ënnerdréckte Landsleit mat encouragéierende Rieden, déi ëmmer mat „Léif Lëtzebuerger“ ugefaangen hunn, z‘ënnerstëtzen. Dowéinst war si fir d'Lëtzebuerger an den däischtere Krichsjoren e wichtegen Hoffnungsschimmer a gouf séier zur Symbolfigur vun der Lëtzebuerger Resistenz.

No Krichsenn ass d'Charlotte zréck op Lëtzebuerg komm an huet e puer Mol déi am schlëmmste getraffe Regioune besicht, fir d'Awunner z‘encouragéieren. Si huet och all Moyenen, déi si zur Verfügung hat, agesat, fir der noutleidender Bevëlkerung ze hëllefen. 

Bis haut gëtt d'Charlotte als Symbol vun der Fräiheet, der Onofhängegkeet an der Solidaritéit vun de Lëtzebuerger veréiert. Trotz der Diskussioun ëm d‘Berechtegung vun der Monarchie huet si et fäerdeg bruecht, d'Lëtzebuerger mam Herrscherhaus ze versönen an d'Band tëscht de Leit an der Kroun ze verstäerken.

Interessanten Detail

Wéinst der erhuewener rietser Hand nennen d'Awunner d'Statu ironesch „Heeschefra“.

Bedeitung fir d‘Mënscherechter

D'Groussherzogin Charlotte war an ass nach ëmmer e Virbild an eng symbolesch Figur fir jiddereen, deen sech weltwäit fir Fräiheet an national Onofhängegkeet asetzt. Gläichzäiteg steet si fir d'Demokratie, well et ass dëser Monarchin ze verdanken, datt Lëtzebuerg e moderne Staat mat enger klorer Gewaltentrennung ginn ass.

Hire selbstlosen Asaz wärend dem Krich huet d'Lëtzebuerger encouragéiert, zesumme géint déi nationalsozialistesch Diktatur Widderstand ze leeschten. D'Leit hunn sech heemlech versammelt, fir der Groussherzogin hire Rieden am Radio nozelauschteren an doraus Courage an hirem Kampf fir Fräiheet an Onofhängegkeet ze zéien.

 

Artikel 15

All Mënsch huet d’Recht op eng Nationalitéit.

Artikel 19 

All Mënsch huet d’Recht op eng fräi Meenung an däerf se fräi ausdrécken

Artikel 21

De Vollekswëllen ass d’Basis fir d’Autoritéit vun den ëffentlechen Administratiounen.

Reviews

0.0

0 comments

Provided by

Acat Luxembourg

Acat Luxembourg